Moustiquen: Rotschléi fir d’Bevëlkerung

Print Friendly, PDF & Email

Wosst dir schonns?

D’Moustique déi eis picken oder péngegen bewege sech net wäit. Si sinn dacks direkt an eisem Ëmfeld opgewuess. Déi bescht Method fir se lass ze ginn an net méi gepickt ze ginn ass et, fir ronderëm eis Häiser d’Plazen ze reduzéieren, wou d’Moustiquen hir Eeër kënne leeën.

Rotschléi fir d’Eliminatioun vu Moustique-Bréieschte ronderëm d’Haus

Quell: Huron County Health Unit.

  1. Sprangburen a Bewässerungsanlagen: Waasser wiesselen a Behälter mindestens eemol pro Woch botzen;
  2. Ofleef a Kullangen: Regelméisseg Blieder an aner Oflagerunge botzen, fir de Waasseroflaf ze erliichteren;
  3. Pill & Verdéiwungen: Besäitege vun den Ongläichheete fir d’Formatioun vu persistente Pill ze vermeiden;
  4. Kullangen: Regelméisseg Blieder an aner Oflagerunge botzen, fir de Waasseroflaf ze erliichteren;
  5. Weieren: Sammelt regelméisseg ofgestuerwe Blieder aus dem Weier a ronderëm; erméiglecht d’Entwécklung vu Vegetatioun an Déieren (Libellen, Amphibien, Fësch, asw.);
  6. Baatschen: Stellt sécher datt d’Baatschen, déi Holzpéil, Basengen asw. ofdecken, gutt gespaant si fir d’Entstehung vu persistente Pill ze vermeiden;
  7. Spillsaachen a Behälter: Stellt sécher datt Spillsaachen, Dëppen an aner Géigestänn, déi d’Reewaasser usammele kënnen, virum Reen geschützt sinn;
  8. Schubkaren, Poubellen a benotzte Pneuen: Stellt sécher datt dës Utensilien virum Reen geschützt gelagert ginn;
  9. Reewaassersammler fir ze netzen: Behälter ofdecken géint ofgestuerwe Blieder a Mécken, esou oft wéi méiglech eidel maachen a botzen, an all Woch d’Wänn iwwert der Waasseruewerfläch mat engem Schwamm ofbotzen (fir d’Méckeneeër ze besäitegen).

 Page content last updated on 2018-08-09.